Mir stellen eis vir...

Mir sinn d'Deborah an d'Sarah, Grënnerinnen vu Letz'Dress. 

 

Mir kennen eis scho säit eiser Lycéeszäit, hunn eis dunn awer e bëssen aus den Ae verluer. Eis gemeinsam Passioun fir d'Thema Hochzäit huet awer gemaach, dass eis Weeër am Liewen sech nees gekräizt hunn an esou ass eis gemeinsam Iddi fir ee Secondhand- an Outletshop fir Braut- a Cocktailskleeder entstan.

Mir hoffen duerch eis Iddi schéine Brauträck a Cocktailkleeder eng zweet Chance kënnen ze schenken an esou och eppes Guddes fir d'Ëmwelt kënnen ze maachen.

Elo si mir frou eis Passioun kënnen un dech weiderzevermëttelen an hoffen, dass mir dech als zukünfteg Braut, Brautjongfer oder einfach Besëtzerin vun engem wonnerschéine Kleed kënne glécklech maachen. 



Deborah & Sarah

 





E-Mail
Anruf
Karte
Infos
Instagram