Mir verkafen däi Rack...
Ganz egal ob Brautrack oder Cocktailskleed, mir si frou dengem Rack eng zweet Chance ze ginn! Dëst leeft ganz onkomplizéiert of, mir huelen däi Rack a Kommissioun bei eis op a këmmeren eis ëm de ganze Recht.
Deng Virdeeler:
- Du schenks dengem Rack een zweet Liewen a méchs domat nach eng aner Persoun, oder villäicht souguer eng aner Braut glécklech
- Du brauchs dech ëm näischt méi ze këmmeren, mir iwwerhuelen alles. Mir sichen iwwert verschidde sozial Netzwierker fir däi Rack ee Keefer, maache Rendez-vousen mat de Leit aus,...
- Däi Portemonnaie freet sech
- An zu gudder Lescht: Du dréits ee groussen Deel zur Nohaltegkeet bäi!
Du wëlls däi Brautrack verkafen?
Däi groussen Dag ass leider schonn eriwwer, mä däi Rack ass vill ze schéin an et wier ze schued fir en einfach am Schaf verstëppsen ze loossen? Da bass du bei eis un der richteger Adress.
Mir sichen dengem Brautrack eng zweet Braut, déi sech op mannst genee sou driwwer freeë kann ewéi s du et gemaach hues. Bei eis hues du och d'Méiglechkeet, der zukünfteger Braut ee klenge Message ze hannerloossen an hir vill Freed mat dengem neie Rack ze wënschen. Dëst kënnt ëmmer ganz gutt un a suergt villäicht scho fir e puer Glécks-Tréinen bei der Bride-to-be.
Du wëlls ee Cocktailskleed verkafen?
Maach Plaz an dengem Schaf a gläichzäiteg däi Portemonnaie glécklech andeems du eis däin/deng Räck uvertrauts! Sécher kann däi Rack nach eng aner Persoun glécklech maachen.
Konditiounen
Fir sécherzestellen, datt mir eise Clienten an zukünftege Brides dat beschtméiglechst Erliefnis kënnen ubidden, gëlle folgend Bedéngungen fir däi Rack an eisem Sortiment kënnen opzehuelen:
- Däi Rack ass qualitativ héichwäerteg
- En ass net méi al ewéi 3-4 Joer
- En ass an engem ganz gudden Zoustand
- En ass professionnell gebotzt ginn
- Du hues nach d’original Rechnung vun dengem Rack a kanns eis se virweisen
- Fir d'Brauträck: Däi Rack ass maximal op eng Längt vun 1,70m (mat Schung) gekierzt ginn
Erfëllt däi Rack all d'Bedéngungen? Ma da kanns du iwwert eise Formulaire ënnen op der Säit Kontakt mat eis ophuelen. Mir mellen eis per Mail bei dir, setzen zesummen ee Verkafspräis fest a kënnen dann ee Rendez-vous ausmaachen.
Oflaf
Mir huelen däi Rack fir 1 Joer bei eis am Sortiment op a sichen dofir ee Keefer. Soubal een sech fir däi Rack entscheed huet, kriss du ënnerhalb vun 30 Deeg däin Undeel vum Verkafspräis (60%) op däi Kont iwwerwisen. Mir behale 40% als Kommissioun.
Fir däi Rack bei eis kënnen auszehänken, froe mir dech eng Hängegebühr vun 30€ fir ee Brautrack a vun 10€ fir ee Cocktailkleed. Dës Gebühr deckt d'Käschte fir d'Versécherung vun de Kleeder an den organisatoreschen Opwand, dee mat der Lagerung vun de Räck verbonnen ass.
Du bass décidéiert däi Rack ze verkafen?
Ma super! Mir freeën eis däi Rack an eisem Sortiment kënnen opzehuelen!
Du kanns eis entweder eng E-Mail schreiwen (info@letzdress.lu), wou s du eis däi Rack kuerz beschreiws (Marque, Neipräis, Kafjoer, Zoustand, Gréisst) an eis e puer Fotoe vun dengem Rack schécks, oder eis iwwert eise Kontakt-Formulaire uschreiwen. Mir mellen eis sou séier wéi méiglech bei dir. Merci!
Hei kanns du eis iwwert eise Kontaktformulaire uschreiwen: