Bei eis kanns du ab elo
Ee Cocktailkleed oder ee Wéckelkleed ausléinen -
stilvoll & nohalteg
Mir si frou, iech ab elo d’Méiglechkeet ubidden ze kënnen, eis beléifte Wéckelkleeder an eng Auswiel u Cocktailkleeder fir speziell Occasiounen ganz einfach kënnen ze lounen! Egal ob als Brautjongfer, Gaascht oder bei engem feierlechen Event – bei eis fënns du déi passend Léisung.
D'Ausléinen - schnell an onkomplizéiert:
- Lounzäit: D’Kleeder kënne fir 5 Deeg ausgeléint ginn. Genug Zäit, fir perfekt virbereet ze sinn an däin Optrëtt ze genéissen.
- Pfleeg: Mir këmmeren eis ëm d’Botze vun de Kleeder nom Retour. Du brauchs dech also ëm näischt ze bekëmmeren!
Präisser a Konditiounen fir d'Locatioun:
Eis Kleeder si fir eng Lounzäit vu 5 Deeg ab 50€ verfügbar. De geneeë Lounpräis hänkt vum jeweilege Modell of. Fir all Locatioun fällt ofhängeg vum Kleed eng Kautioun un, déi tëschent 50€ an 100€ läit. Dës Kautioun kriss du komplett zeréckerstatt, wann d'Kleed zur ausgemaachtener Zäit an an engem gudden Zoustand zeréckbruecht gëtt.
Reservatiounen (just op der Plaz méiglech):
- Eis beléifte Wéckelkleeder kënne schonn am Viraus reservéiert ginn. Si sinn och eng super Optioun, wa méi Brautjongfere sech eent an derselwechter Faarf wënschen! Bei eise Wéckelkleeder ass et wichteg, d’Reservatioun op mannst 1 Mount virum Ofhueltermin ze maachen, virun allem wa méi Kleeder an der selwechter Faarf gebraucht ginn!
- Och eis Cocktailkleeder stinn dir fir eng Reservatioun am Viraus zur Verfügung, sou dass du däin Optrëtt entspaant plange kanns.
Fir méi Informatiounen:
Wann s du weider Froen hues oder e Kleed reservéiere wëlls, bass du häerzlech invitéiert, Kontakt mat eis opzehuelen. Mir hëllefen dir gären, dat perfekt Kleed fir deng Occasioun ze fannen!